Menu
Fermer
8 June 2023 | Lawrence.Rollier |
Sorry, there’s no English version of this text.
“Weess du, wéi dat gëtt?” Ronderëm e Buer stinn dräi Fraen a flechte Seeler. Et si mystesch Gestalten, Schicksalsgëttinnen, och „Nornen“ genannt. Et ass net Är Schold, wann Dir nach ni vun hinnen héieren hutt. Ze laang goufe si am Schied vu méi lukrativen nordeschmythologesch-marveleske Personnage wéi Thor, Odin a Loki vergiess. Héchsten Zäit, datt och hir epesch Geschicht erzielt gëtt. D‘Geschicht vun hirem Asaz fir d‘Gläichgewiicht vum Universum, vun hirem Kampf géint d‘Muechte vum Chaos, d‘Geschicht dovunner, wéi si d‘Geschicht vun alle Geschichten erfanne mussen, fir d‘Gëtter an déi Stierflech an hirem Bann ze halen. Nornen ass eng dynamesch Stéckentwécklung, bei där d’Regie wärend de Prouwen zesumme mat de Schauspillerinnen doriwwer nodenkt, wat dat heescht: Geschichten erfannen a verzielt kréien. Si si tatsächlech de Koll, deen d’Gesellschaft zesummenhält? A wat hu si eis haut nach ze soen, déi al Geschichten, déi un dësem Owend eng nei Gestalt wäete kréien?
No der Virstellung den 20. Abrëll invitéiere mir Iech op e Nogespréich mat de Kënschtler am Ariston’s Bar.
cAsA?! Wat ass eng cAsA? En Haus, mat zwou Fënsteren an engem spatzen Daach. An dobanne wunnen eng, zwou, dräi, oder souguer méi Geschichten! Déi eng, déi séngt, déi aner, déi spréngt, an déi leschtgeet spadséieren. D‘Dier geet op, a scho stellen d’Geschichte sech eng noder anerer vir. Moien! En einfachen a lëschtegen Erzielspektakel fir déi ganz Kleng.
Ee Kappsprong an d’lëtzebuergesch Museksgeschicht! Gutt honnert Joer, nodeems der Komponistin Lou Koster hiren eenzege Musekstheater 1922 uropgefouert gouf, ass An der Schwemm an enger adaptéierter Versioun am Escher Theater ze gesinn. Fir d‘Operette huet deemools de Schrëftsteller a Journalist Batty Weber d‘Libretto op Lëtzebuergesch geschriwwen. Erzielt gëtt d‘Geschicht vun der selbstbewosster Schwëmmerin Lory, déi sech géint d‘Avancë vum Fonctionnaire Zengerlé zur Wier setzt. Verkuckt huet hatt sech an de scheien Zaldot a Schwammmeeschter Reddy. D‘Schwemm gëtt an dësem mol monteren, mol kriteschen Zenario zum Schmelzdigel vum gesellschaftleche Liewe vun den 1920 Joren. D‘Bün gehéiert dobäi ganz der Haaptfigur, déi d‘Fräiheet fir sech reklaméiert. Fir dës Opféierung huet d‘Komponistin Tatsiana Zelianko zwou kuerz Zeene kreéiert. An de Rol Gelhausen, bekannt uechtert d‘Land als Kabarettist a Komponist, huet sengersäits ee kuerzt Libretto geschriwwen. Mat engem Gespier fir d‘Stëmmung vum Original féiert hien d‘Geschicht aus der Vergaangenheet an eis Géigewaart an entlackelt hir ganz eege Pointen.
No der Virstellung den 28. Januar invitéiere mir Iech op e Nogespréich am Sall mat de Kënschtler.
Weider Virstellungen am CAPE zu Ettelbréck (03 & 04/02) an um Festival de Wiltz (29/06).
Around ZongenZodi, our activity leaders offer you a workshop of games and theatrical improvs.
This workshop is offered as part of “P’tits brunchs du théâtre”: before or after a young-audience show, our team offers you to have a brunch with your kids and take part in activities as a family.
11:00 am or 03:00 pm Show ZongenZodi 12:00 am Brunch (free) 01:00>02:30 pm Parent-child theater workshop (5€)
Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees grued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran. Well wann hanne vir a vir hannen ass, da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net? Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wieder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren? Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen!
“Däer muss een alles aus der Nues zéien. Du schwätz net. Sou wéi de Rescht vun denger Famill. Du an deng Schwëster, däer sidd genau d’selwecht. Däer sidd genau wéi är Mamm.“ Nom Escher Meedchen ass et elo um Escher Bouf seng Geschicht z’erzielen. Als Jong gouf de Gilles Zeien dovunner, wéi seng Schwëster Mona aus dem onschëllege Liewe gerappt gouf. Als Erwuessene wëll hien alles richteg, alles anescht wéi a senger Famill maachen: e Schoulofschloss, eng Staatsplaz, en Haus, eng Fra an zwee Kanner. Ma déi nei Uerdnung verhënnert net, datt och dem Gilles seng Welt aus dem Takt geréit: Seng Fra wëll net méi just d’Maskottche vum biergerleche Liewen u senger Säit sinn. Och d’Vergaangenheet, déi hie mat senger Schwëster deelt, léisst hien net zur Rou kommen. An de Gilles muss agesinn: Ze laang waren Traumaen an Tabuen d’Piliere vu senger Existenz. An dësem Stéck, dat un d’Traditioun vum Vollekstheater uknäppt, schreift d’Mandy Thiery op en Neits iwwer familiär Wonnen, doriwwer wéi een als Brudder, Papp a Mann reagéiert, wa beim eegene Liewensmodell de Botz bréckelt.
“D’Mamm huet dat eenzegt Richtegt gemaach: Se huet eis Paus bäibruecht. Dat, wat se selwer am beschte konnt. Ier ee mat de Wierder hantéiert, muss een d’Paus beherrschen. De Silence.” Wat awer geschitt, wann d‘Paus ze grouss gëtt? Wann de Silence net méi auszehalen ass? Wa Wierder ufänken, an engem ze jäizen? D’Mona huet vu klengem u geléiert, dass Wierder wéidoe kënnen an et besser ass, de Mond ze halen. Aus Angscht aner Leit ze verletzen, entscheet et sech dozou, seng Paus ëmmer weider an d’Längt, an d’Déift ze zéien – andeems et Fëllwierder benotzt, andeems et laacht, sech Zigaretten ufänkt an Alkohol drénkt. Ee Liewen an der Paus, eng Paus am Liewen: No an no riskéiert d’Mona vu baussen erdréckt ze ginn, wärend vu bannen all déi onausgeschwate Wierder Drock opbauen. Lo muss d’Mona sech entscheeden: Léisst et sech vum Silence erdrécken oder léisst et all déi Wierder fräi, déi sengem Ëmfeld schueden? Escher Meedchen ass eng gekonnt Milieustudie iwwert een Deel vun der Gesellschaft, deen dacks lénks leie gelooss gëtt. Dobäi beweist dem Mandy Thiery säi Stéck, wéi änlech dach bei eis alleguerten d’Problemer sinn.
5 June 2023 | Lawrence.Rollier |
Around Au Jardin des Potiniers, our activity leaders offer you a workshop of games and theatrical improvs.
11:00 am, 02:00 pm or 04:00 pm Show Au jardin des Potiniers 12:00 am Brunch (free) 01:30 >03:30 pm Parent-child theater workshop (5 €)
2 June 2023 | Lawrence.Rollier |
La place la Résistance sous le signe de la paix !
Des ateliers et des concerts gratuits ainsi que des stands culinaires animeront le quartier du Brill autour de la notion de paix.
14h00 chaîne humaine : départ Place Norbert Metz (Bâtiment Justice et Paix), arrivée Place de la Résistance 15h00-18h00 ateliers, animations musicales, stands culinaires 18h00 dîner collectif (uniquement pour les participants aux ateliers) 19h00-21h00 concerts et spectacle de danse ukrainien
Programme ateliers (gratuit sur réservation à ensemblequartiersesch@i-a.lu)
Atelier immersif de danse et art Atelier-parcours qui enchaînera danse et art pour permettre aux participant·es d’exprimer leurs émotions à travers leurs corps et leur créativité. Dès 12 ans. @ Ariston (9, rue Pierre Claude)
Mocktails Atelier de création et dégustation de cocktails sans alcool pour émoustiller vos papilles. @ Centre Social et Culturel Portugais (17, rue Nelson Mandela)
Bien-être (Yoga, Relaxation et Tai Chi) Atelier qui détendra à coup sûr votre corps et votre esprit ! @ Centre Social et Culturel Portugais (17, rue Nelson Mandela)
Mémoire de la Résistance Entre 1940 et 1944, des jeunes ont eu le courage de s’opposer au régime nazi. Regardons de plus près leur histoire à Esch. @ Église Sacré-Cœur (77, rue Zénon Bernard)
Free Hugs @ Place de la Résistance
28 November 2022 | Lawrence.Rollier |
Fast fashion, beware… Did your little ones give their clothes a rough time? During this parent-child workshop, nothing will resist their creative minds to draw and make patterns, in order to re(pair) their used clothes and rekindle the affective bond with a pair of jeans or an old sock that you no longer dared to take out from the wardrobe. Dads, moms, grandparents, bring your kids and their clothes, costume designer Peggy Wurth will be there to make fabrics available and pass on those gestures: darning, patching, fixing a tear, sewing a button, hemming. One thing leading to another, our associate artist will dispense advice and techniques to make clothes for children more durable, and doing so always in a creative manner!
The workshop will take place on 25 February from 2pm to 5pm, at the Ariston.
Inscription: ateliers.theatre@villeesch.staging.kudo.lu
Some cookies are required for this website to function properly. Additionally, some external services require your permission to work.