Menu
Fermer
24 September 2026 | Lawrence.Rollier |
Dieser Text existiert leider nicht auf Deutsch.
Spatz ass d’Zong, féx de Mond: Politesche Cabaret gëscht an haut
Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un. Tëscht Hierscht 2026 a Summer 2027 gëtt u fënnef Owender gestridden a geschnësst, gesongen a gelaacht.
Dësen leschten Event hëlt Iech mat op eng Entdeckungsrees duerch d’Geschicht vum Kabarett zu Esch. Am Joer 1987 huet den Escher Theater säi 25. JoerJubiläum mat engem Kabarett-Parcours am Zick-zack duerch d’Stad gefeiert. Mir gräifen dësen Parcours erëm op: Zesummen entdecken mir Plazen an Texter, mate puer Iwwerraschungen um Wee. De Parcours schléisst am Café Ratelach an der Kulturfabrik (Kufa) of. Do feiere mir dësen Ofschloss a gi bei engem oppenen Austausch der Fro no, wéi eng Roll de politesche Kabarett haut an an Zukunft zu Lëtzebuerg spillt.
Wann s du et net soe kanns, da sang et! Dës Tournure gëllt och a besonnesch fir de Cabaret. Melodie, Rhythmus, Reim – domadder geet eng politesch Kritik direkt ënnert d’Haut a méi liicht an d’Ouer. Wat war dat fir e Wee, ewech vum Nationallidd wéi De Feierwôn vum Michel Lentz hin zum politesche Lidd, dat d’1970er an 80er Joer gepräägt huet? No der Diskussioun muss natierlech zesumme gesonge ginn.
Schwätzen, schmunzen, streiden: Wéi geet dat zesummen? Ëmmer nees sicht de politesche Cabaret d’Balance tëscht dem Gag an engem eeschten Uleies. Wéi populär huet eng Revue an der gëllener Zäit vum Cabaret kënne sinn, ier pertinenten Humor a blousse Klamauk ëmgeschloen ass? An enger Diskussioun gëtt doriwwer geschwat, wéini et ze vill ass mam Laachen – an ze wéineg mat der Kritik. Den Owend gëtt ofgeschloss mat engem Optrëtt vun enger Cabaret-Troup, a wéi ëmmer kann de Public virdru bei enger Aktivitéit matmaachen.
Dieser Text existiert auf Deutsch leider nicht.
An den 1980er Joren – der Héichzäit vum politeschem Cabaret hei am Land – gouf et eng jett Truppen, déi uechtert d’Land gezu sinn. D’Caféeën an Theaterkellere waren hir Bünen. Mir schwätze doriwwer mam Rol Gelhausen a wéider Zäitzeien, wéi eng Roll a Plaz de Cabaret deemools effektiv ageholl huet. Eier de Mars Klein an de Rol op en Neits hire satiresche Geescht op d’Bühn bréngen, wäert d’Luisa Bevilacqua vun Erzielkonscht asbl Brécken tëscht der Subversivitéit vun de Geschichten aus dem Volleksmond an dem politesch engagéierte Cabaret schloen.
16 September 2026 | Lawrence.Rollier |
D’1970er Joren zu Lëtzebuerg si konservativ a rigid. Ma de Wand dréit sech, an et sinn ënner anerem d’Kabarettisten, déi de Status Quo a Fro stellen. Iwwer déi Stëmmung a Visioune schwätzen d’Zäitzeie Mars Klein a Jhemp Hoscheit, déi an deene Jore mat kriteschem Cabaret op sech opmierksam maachen. Un dësem Owend spaant sech de Bou awer bis an eis Zäit, bis zu Richtung22. Hautdesdaags stellt nämlech dëst jonkt Kollektiv ënner Beweis, wat et heescht, Konscht a politesch Kritik zesummenzebréngen.
17 Juni 2026 | Lawrence.Rollier |
Am Freitag, den 25. September, starten wir in die neue Saison!
Vor der Vorstellung von Rave Lucid lädt das gesamte Team des Escher Theater Sie ab 18.30 Uhr ins Bistrot La Souffleuse im dritten Stock des Theaters ein.
Bei einem Glas stellt Ihnen die Theaterdirektorin Carole Lorang die kommende Saison vor und gibt einen ersten Einblick in das Programm.
Nach der Vorstellung geht die Feier mit einem exklusiven DJ-Set der Compagnie MazelFreten weiter.
Keine Reservierung erforderlich.
3 Juni 2026 | Lawrence.Rollier |
Un dimanche par mois, autour de la table, des artistes vous proposent de (ré)inventer ensemble le goûter sous un angle créatif !
Cette saison, le Sonndesdësch ouvre le rideau sur le spectacle vivant. Chaque rencontre révèle une nouvelle facette de la création artistique : l’imagination, la parole, la musique, la lumière, le mouvement ou la transformation. À travers des ateliers, échanges et expériences sensibles, nous partirons à la découverte des métiers de la scène et des histoires qui nous invitent à regarder le monde autrement.
Derrière chaque personnage se cachent des mains qui dessinent, cousent et imaginent. À travers les costumes, les matières et les accessoires, nous découvrirons ce dimanche 25 avril comment l’apparence participe à la création d’un rôle et à la construction d’un univers. Une immersion dans le métier de costumier·ère et dans l’art délicat de la transformation.
Tauchen Sie ein in die Welt des traditionellen Gesangs !
Diese Lieder aus verschiedenen Kulturen laden dazu ein, die eigene Stimme mit anderen in Einklang zu bringen – für einen echten, geteilten Moment der Freude.
Ein Projekt in Zusammenarbeit mit Sequenda asbl.
Spectacle in the air inclus (représentation de 17h)
Que raconte un corps lorsqu’il ne parle pas ? Inspirés par l’univers de la danse contemporaine, nous explorerons ce dimanche 7 mars l’expression non verbale, les émotions en mouvement et la manière dont le corps devient langage. Une rencontre autour du métier de danseur·euse et du pouvoir du geste pour entrer en relation avec soi-même et avec les autres.
Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.
Räppeldéng ass d’Mëtt vun der Welt – wéinstens un dësem Owend. Nom Succès vun hirer Kreatioun Nikki Ninja & Afrobeathoven – engem Projet vum Nicole Bausch an dem Dan Tanson – sinn d’Nicole an de Pol Belardi ee Schrëtt weider gaang. Op en Neits gi si d’Bün fräi fir d’Nikki Ninja a seng Frënn wéi d’Katsuro Kaz, de Benji Bier oder d’Schwéngi Schwäin. Zesumme si si d’Wibbeldidubs – alleguerte komme si aus dem latzege Räppeldéng, an alleguerten hu si grouss Wënsch: Musek ze maachen, vill Léift an Tralala an d’Welt ze bréngen an hir Superninjakraaft ze fannen. An de Lidder, déi d’Nicole geschriwwen an de Pol komponéiert huet, ginn hir Geschichte mat vill Witz erzielt. Et ass eng Aventure voll mat musikaleschen Aflëss fir déi ganz Famill, ganz egal ob een d’Nikki Ninja scho vum éischten Album hir kennt oder net. Begleet gëtt d’Nicole um Mikro vum Tanja Duprez, an de Pol um Bass gëtt ënnerstëtzt vum Niels Engel un den Drums an dem Joe Schmitz un de Keys.
Einige Cookies sind erforderlich, damit diese Website ordnungsgemäß funktioniert. Darüber hinaus benötigen einige externe Dienste Ihre Arbeitserlaubnis.