Menu
Fermer
Sorry, there is no English version of this text.
Spatz ass d’Zong, féx de Mond: Politesche Cabaret gëscht an haut
Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un. Tëscht Hierscht 2026 a Summer 2027 gëtt u fënnef Owender gestridden a geschnësst, gesongen a gelaacht.
An den 1980er Joren – der Héichzäit vum politeschem Cabaret hei am Land – gouf et eng jett Truppen, déi uechtert d’Land gezu sinn. D’Caféeën an Theaterkellere waren hir Bünen. Mir schwätze doriwwer mam Rol Gelhausen a wéider Zäitzeien, wéi eng Roll a Plaz de Cabaret deemools effektiv ageholl huet. Eier de Mars Klein an de Rol op en Neits hire satiresche Geescht op d’Bühn bréngen, wäert d’Luisa Bevilacqua vun Erzielkonscht asbl Brécken tëscht der Subversivitéit vun de Geschichten aus dem Volleksmond an dem politesch engagéierte Cabaret schloen.
Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un.
Some cookies are required for this website to function properly. Additionally, some external services require your permission to work.